12/11/2026
https://www.rtl.lu/news/panorama/wat-maache-mat-miwwelen-a-saachen-dei-een-net-mei-brauch-593166608
Un grand merci 🙏 à rtl pour ce reportage 👇
Et à toute l’équipe Luxdebarras
Vun Entreprisen, déi sech op d'Raume vu Wunnenge spezialiséiert hunn, iwwer sozial Organisatioune bis bei Secondhand-Butteker: Et gi verschidde Méiglechkeeten, fir Miwwelen an anere Géigestänn, déi een net méi brauch, en zweet Liewen ze ginn.
Et gi vill Grënn, firwat een iergendwann am Liewe virun der Fro steet, wat ee mat engem Deel vu sengem Besëtz maache soll. Dat kann zum Beispill no enger Scheedung, enger Ierfschaft oder bei enger Plënneraktioun de Fall sinn.
Esou ass et och bei der Proprietärin vun engem Haus zu Ettelbréck. Si plënnert an eng Altersresidenz an hir Kanner hunn dowéinst d'Entreprise LuxDébarras kontaktéiert, déi vum Nathalie Ghys gegrënnt gouf, fir hinnen dobäi ze hëllefen, d'Haus eidel ze maachen.
Zesumme mat hirer Ekipp geet d'Nathalie Ghys duerch déi verschidden Zëmmeren. Dobäi gëtt sortéiert, wat ewechgehäit muss ginn. Virun allem gëtt awer gekuckt, wéi eng Miwwelen an aner Géigestänn nach kënne gerett a weider benotzt ginn.
Bicher, Spillsaachen, Blummendëppen, Geschier, Still a Billerrumme gehéieren ënner anerem zu de Saachen, déi si mathuelen.
Fir méi kleng Géigestänn ze verkafen, ginn et mëttlerweil eng ganz Rei Apps an Online-Plattformen. Mä wann eng ganz Wunneng oder och nëmmen een Zëmmer eidel gemaach muss ginn, gëtt et séier méi komplizéiert.