04/11/2026
🏡 Zanter 1988 baue mir méi wéi just Haiser – mir schafen en Doheem fir Generatiounen. ☺️
Wat 1988 mam Nico Maréchal a senger Leidenschaft fir d'Bauen ugefaangen huet, ass haut e Grupp mat iwwer 100 Mataarbechter!
Haut féieren dem Nico seng Jongen, de John an de Paul dës Geschicht weider – mat där selwechter Leidenschaft, héijen Usproch u Qualitéit an dem Wonsch, fir all Famill dat richtegt Doheem ze realiséieren. 🏡
Ob en individuell geplangtent Haus, ganz no Äre Wënsch, oder ee vun eise moderne Wunnprojeten: Mir begleeden Iech um Wee an Äert neit Doheem.
🤝 Wat eis dobäi besonnesch wichteg ass? Perséinleche Kontakt, Transparenz, Zouverlässegkeet an een Uspriechpartner, op deen Dir Iech verloosse kënnt.
Well en Haus fir eis net einfach nëmmen e Bauprojet ass. Et ass déi Plaz, wou Erënnerungen entstinn, Kanner grouss ginn an eng Famill sech doheem fillt. 🫶🏼
Groupe Maréchal – Eng Famill. Eng Leidenschaft. Äert Doheem. 🇱🇺
👉 Suivéiert eis fir vill flott Projeten ze entdecken, Inspiratioun ze sammelen, an wichteg Tipps zum 1. Eegenheem ze erhalen!